Gidd en Deel vun eisem Trainer Team beim FC Lorentzweiler!
Iwwert den FC Lorentzweiler:
Mir sinn e passionéierte Fussballveräin zu Lëtzebuerg, mat enger Jugend déi ëmmer méi grouss gëtt, enger Reserven Ekipp déi momentan an der 1.Divisioun spillt an eis Senioren an der Eierepromotioun. An der Virbereedung op d'Saison 2024/2025 , siche mir nei Trainere fir an eiser Famill ze begréissen!
Verfügbar Trainer Positiounen:
- Senior Reserve: Hëlleft eiser talentéierter Senior Reserven Ekipp an der Top Divisioun! Är Expertise wäert entscheedend si fir den Erfolleg an der Liga.
- Jugendtrainer (U7, U9, U11, U13, U15): D’Entwécklung vu jonken Talenter steet am Mëttelpunkt vun eisem Veräin. Hëlleft eis déi nächst Generatioun vu Fussballspiller ze gestalten!
Qualifikatiounen:
- Trainerschäin ass preferéiert (awer net obligatoresch)
- Passioun fir Fussball
- Exzellent Kommunikatioun a Leadership Skills
- Lëtzebuergesch Sprooch ass e Virdeel
Responsabilitéiten:
- Traininge plangen an ausféieren
- Ekippe fir de Match preparéieren
- E positiivt Ëmfeld fir Spiller garantéieren
Wéi sech bewerben:
Interesséiert Kandidate kënnen hiren CV op secretariat@fclorentzweiler.lu schécken. Sot eis firwat Dir gutt bei den FC Lorentzweiler passt!